Wëllkomm an äerem Ënnerschlopf
fir Wuelbefannen & Heelung
duerch bewosst Ootmung.
Äer Praxis engagéiert sëch, fir den Oofbau vu Stress an d’Präventioun dogéint, duerch aktivt Notzen vun der potententesten, frai
verfügbaren an omnipresenten Substanz, dem Sauerstoff.
Moien, main Numm ass Shawn.
Ech sinn passionéierten Mindset an Ootem Coach.
Nodeems ech um eegenen Kiirper a mam eegenen Geescht erliewt hunn, waat Ootmung an engem selwer bewiirken kann, hunn ech ët mir zur Missioun gemaach des Erfahrung beschtméiglech mat Mënschen ze deelen.
Main Ziel ass ët e méi produktivt Bewosstsinn zu eiser Gesondheet ze förderen. Mat einfachen, mee effektiven Methoden, déi vill Aspekter an eisem Alldaag beaflossen kënnen.
Ootmen fir e gréisstert Wuelbefannen.

Denk Dir je doriwwer no, wéi den Sauerstoff äere Kiirper betrëtt an en nees verléisst?
Mir ootmen ongeféier 22.000 mol pro Daag.
An, duerch eis Nues oder den Mond.
Ran an den Bauch, d’Rëpper, d’Broscht oder d’Schëlleren.
Io, ët ass wuel wouer dass d’Loft an eis Longen geet. Mee doduerch beweegt se eise ganzen Kiirper.
Souwuel physesch, wéi energetesch.
Entweder op eng Aart an Weis, déi eis positiv ureegt oder esou, dass eis Opreegung an eis festgesaat gëtt.
Wisou beschäftegen mir eis also net domatt waat beim Ootmungsprozess an eis bannendran geschitt?
Well mir nie déi richteg Methoden baibruecht kréien!
Well mer sou vill aaneres scho maachen sollen!
Well daat ganzt io vu sech aus funktionéiert!
Mee d’Ootmung soll net nëmmen funktionéieren, si soll eis Basis bilden fir an all Liewenslaag Meeschter vun der Situatioun ze bleiwen an all Informatioun schnell a produktiv ze verschaffen.
Ech sinn iwwerzeegt dass wéineg Effort, zu grousser Wiirkung féieren kann. Wann den Effort dann och effektiv an zielgeriicht opgewandt gëtt. An dobai wëll ech iech hëllefen!
Wéi kann ech iech hëllefen?

Ootem-Muster Analyse
Unhand vun enger Serie vun Übungen fannen mir zesummen raus, wéieng Musteren an äerer Ootmung opfälleg sinn an waat daat fir äeren Kiirper am Alldaag bedait. Gläichzäiteg fannen mir raus wéi mir den natierlechen Prozess vum Ootmen förderen kënnen.

Ootem Übungen
Mat gezielten Übungen addresséieren mir d’Schwächten an äerem Ootem System. Dir léiert Techniken fir äert physescht, mentalt an emotionalt Wuelbefannen ze stärken an ze reguléieren. Net nëmmen an eisen Sessiounen, mee och doriwwer hinaus!

Bewosstsinns Training
Duerch bewosst Introspektioun an Reflexioun schaafen mir Raum fir en déift Verständnis zu den natiirlechen Prozesser am Kiirper an wéi d’Ootmung dobai matwiirkt.
Mir leeën den Grondsteen fir eng laangzäiteg Verännerung duerch erweidert Wëssen.
Kontakt:
(Telefon, SMS, Whatsapp)
+352 691 161 254
(E-mail)
shawn@breatheasy.lu
(Address)
4, rue de Canach
L-5368 Schuttrange